Microsoft goes Lëtzebuergesch

Gust MEES

Microsoft offréiert elo e Lëtzebuergeschen Interface Pak
fir d'Windows XP Famill a fir Microsoft Office 2003.

De Lëtzebuergeschen Interface Pak fir d'Windows XP Famill gëtt Iech e Lëtzebuergesche User Interface fir d'Majoritéit vun de Windows XP User Interfacen.

Microsoft goes Lëtzebuergesch

Dëse Lëtzebuergeschen Interface Pak ass gratis, verlaangt allerdéngs eng Validatioun vun Ärem Microsoft Windows beim Installéieren. D'Validatioun suergt dofir, datt Dir eng authentesch an total lizenséiert Kopie vu Windows benotzt. Besicht w.e.g. Genuine Microsoft Software fir méi iwwer d'Virdeeler vun der authentescher Windows Software gewuer ze ginn.

Minimal-Configuratioun:

Ënnerstëtzte Betriibssystemer: 32-bit Englesch Versioun vu Windows XP mat Service Pak 2 (SP2)

5 Mb fräie Späicher fir rofzelueden

15 Mb fräie Späicher fir Installatioun

Pour plus de détails visiter la source de l'article : MySchool (LU)

http://www2.myschool.lu/Home/news/news_060628.asp